Den hellege Quirinus vu Roum oder och vun Neuss, gestuerwen ëm d'Joer 115 zu Roum, war e spéider zum Chrëschtentum bekéierte réimeschen Tribun a Märtyrer.[1]
Bis 1666 war hien de Patréiner vun der Stad Lëtzebuerg. No him ass d'Rue Saint-Quirin genannt, déi am Péitrussdall vun der Tilleschgaass bei d'Gräinskapell a bei d'Al Bréck féiert.
Den Numm Quirinus kënnt vum laténgesche Wuert quiris (Pl.: quirites) = Bierger.